Geschicht

Stued M.: „überhängendes Bach-, Flußufer, Staden“ (auch als Flurname) –  um St. vum Waasser scheien d’Kazen – in Grevenmacher am Moselufer als Stellenbez.: de St.; 2) „Weinbergsmauer“ (lok. belegt in Mertert).

Stoit: Wiesenland am Moselgestade oberhalb Mertert

Stoit, Stuet, von „Staden“ = Ufer, Strand, Gestade. Im Allgemeinen ist jener Teil des Moselufers gemeint, wo einmal der Treidelpfad für die Zugpferde der Schiffe entlanglief.

Es gibt in vielen Moselortschaften Namen, die sich auf den Ausdruck „Staden“ beziehen, z.B. in Oberbillig „die gemeinen Staaten (Gemeindestaden)“ und in Grevenmacher eine in Flußnähe gelegene Gasse „om Stoudt“.

*******

‚Ech sön nöt ëmsoss um Kre’izwé vum Stu’ed opgewu’ess, fir nöt se’it Kandsdég ze gesinn, datt de Stued, dön en Altertömche vun e’ser Stât ass, als le’ibhaftege Museum vum Handwerek do stäht. D’Gâss sellewer ass zur Halschecht Werrekstât, a vun eem Enn zum aneren fanne mir d’Mästeren vun ho’rt no jidd Zunft vertru’den. ’t ass an der Ze’it beim Scho’sterjäng ugangen, a be’i Weissbattisse Fränz op der Breck hu’et et opgehalen. Dezweschen sötzen noh unenän de Schmatt an de Schleesser, de Schre’ner an de Wôner, de Ke’fer, de Stämetzer an d’Plaffone’er. Am Zentrum awer vun hinnen allegur, woren der zwä, de’ jidderem vun is virun hellefen: d’Hi’wamm an den Do’udegri’wer.’ […]

(aus der Ried vum Maacher Distriktskommissär Faber beim Festiessen op der Fändelweih vum Handwierksmeeschterveräin Gréiwemaacher am September 1934)

*******

Jean-Pierre Urwald (1836-1925) an Elise Kahn (1841-1918)

1880 kafe si d’Wunnhaus um Stued (rue des Bateliers) vu jiddeschem Véihändler. Den 1. Stack war Synagog an Unterrëchtsraum fir jiddesch Kanner. D’Elise Kahn stellt weiderhin hir Stuff fir d’jiddesch Gemeinschaft zur Verfügung. D’Woner-Wierkstat ass nieft dem Wunnhaus.

Mathias Urwald (1869-1952) a Marie Schumacher (1875-1934)

Am Krich mussen an der ‚viischter Wierkstat’ Rieder fir d’Wehrmacht (‚Räder rollen für den Sieg’) hiergestallt ginn. Déi hënnescht Fassad vum Wunnhaus gëtt beim Réckzuch vun de ‚Preisen’ duerch Granate komplett zerstéiert. D’Wunnhaus gëtt nom Krich beim Erëmopbau vergréissert. Wéini déi zweet Wierkstat, déi ‚hënnescht Wierkstat’, gebaut gëtt, konnt nach net genee erausfonnt ginn.

Jean-Pierre Urwald (1905-1994) a Lucie Konsbrück (1910-1995)

Nom Krich schaffe preisesch Gefaangener um Stued. Si ‚wunnen’ iwwert der neier Wäschkichen tëscht Wunnhaus an hënneschter Wierkstat. D’Zëmmer (haut d’Artisteloge) gëtt an der Famill ‚Dem Preiss sein Kummer’ genannt. Ee vun hinnen, den Helmut Tietken aus Lübeck, geet enges mueres, wärend d’Famill an der Houmass ass, mat der Bom hirem Pelzschal an enger Ham am Naachen iwwert d’Musel. (aus de Famillienerzielungen)

Mëtt den 1950er Jore gëtt de grousse Schapp bäigebaut. Nieft dem Wonerberuff gi Wéngerten, e klenge Bauerebetrib mat e puer Kéi a Schwäin a … Politik um Stued bedriwwen.

D’Maschinnen an der Wonerei lafe bis 1994. Duerno steet de Stued wärend 10 Joer eidel (1995-2005).

Georges Urwald (1971) an Nadine Kauffmann (1976)

D’Wunnhaus gëtt sanéiert (2005), den Holzschapp iwwert der hënneschter Wierkstat gëtt zum Museks- a Proufraum ëmgebaut (2009), déi viischt Wierkstat gëtt a Wunnberäicher ëmgewandelt (2013).

De Stued Theater mécht seng Dieren am Oktober 2008 an der hënneschter Wierkstat op.

*******