Klengkonscht an der fréierer Woner-Wierkstat
(Hei geet et riicht an de Stued Buttek)
De Stued Theater ass e Privattheater fir Klengkonscht zu Gréiwemaacher an enger fréierer Woner-Wierkstat. Säit Januar 2018 iwwerhëlt d’Stued asbl d’Organisatioun vun den Owenter.
De Stued Theater ass am Oktober 2008 vum Nadine Kauffmann a Georges Urwald gegrënnt ginn.
Den Numm Stued geet op den Numm vun der Strooss, rue des Bateliers, am Maacher Volleksmond Stued (dt. Staden – Wee laanscht de Floss) genannt, zréck.
Reservatioune fir d’Owenter ginn iwwert stuedtheater@gmail.com ugeholl.
Iwwert ‚Kontakt‘ kënnt Dir iech op d’Mailing-Lëscht vum Stued Theater androe loossen.