Léif alleguerten,
de Stued Theater huet Ufank Oktober 2008 no lange Virbereedunge säin Ufank gefeiert. D’Gäscht, den ale Werkstatkader, de Musekstheaterveräin Rhäifränsch, d’Léider vum Poutty Stein an déi al Traditioun, Kërmeskouch, Ham an de Pättchen Elbling hu sëch immens ergänzt an d’Erwoardunge bäi wäitem iwertraff …
De Stued Theater verbënnt zwou Saachen, déi fir d’Famill Urwald wichteg sënn: d’Handwerk an d’Kultur. Säit Generatiounen hunn „d’Babetz’en“ (Hausnumm vun der Famill Urwald) hei fir de Liewensënnerhalt geschafft andeems säi nieft verschiddenste Schräinerarbechte virun allem Ween gebaut hunn, also Woner woaren. Knëschelen an Handwerkelen mécht mir op mannst genau sou vill Spaass, verdéine mäi Geld awer, wéi mein Fra och, mat Kultur, haaptsächlech mat Musik.
Den Numm „Stued Theater“ verbënnt déi selwecht zwou Saachen: De Stued (vum Däitschen ‚Staden‘ – d’Strooss langst de Floss) woar fréier zu Maacher d’Strooss vun den Handwerker, den Theater ass een heemlech Plaz, wou verschiddenst Zorte vu Konscht virgestallt kënne ginn. An éisem Fall sënn dat: Liesungen, Kabarä, Konzert’e fir klee Beseetzungen, kleen Theaterstécker mat oder ouni Musik …
D’Werkstat huet an hirem ronn 200järegen Dosënn vill erlieft, weess vill ze erzielen: all di schéi Leederween, d’Kanner, déi sech hei verstoppt hunn, de Pätter Jemp, dee mam Daum an d’Bandsee geroden ass, d’Zwangshirstelle vu Rieder am Kréich (‚Räder rollen für den Sieg‘), d’Héichwaasser vu 1947, dat hallef Maacher iwerschwemmt huet, de preiseschen Zaldot Helmut, deen nom Kréich huet missten dem Grousspapp bäi der Arbecht hellefen an eenes Morries mat Hamen a Naachen iwert d’Musel u woar, d’Rëss an de Mauere vun de Sprengunge fir d’Muselkanalisatioun an de fréie 60er Joaren asw. … Mir së frou, déi Geschicht kënnen ze respektéieren a weider ze erzielen …
D’Ariichtung vum Stued Theater ass hei an do opkaf ginn, vu Floumäert zesumme gedroen a ‚recycelt‘ ginn: den ale Comptoir, d’Dëscher an d’Stéil aus fréieren, zum Deel Maacher Bistro’en, en ale Jugendstil-Piano, d’Bühn ass gezammert aus ale massive Puerten. Original sënn d’Handwerksgeschir an d’Maschinnen, gemat fir d’Eiwegkeet. Natierlech gi se nach all. Den ale Maschinnenueleg dréit säin Deel zu der besonnescher Atmosphär vum Stued Theater bäi.
De Stued Theater ka maximal 60 Sëtzplazen ubéiden, d’Bühn huet een Gréisst vun 3 op 2 Meter, d’Bühnebeliichtung ass verstellbar.
Schwéierpunktméisseg wëll de Stued Theater Lëtzebuerger Kultur fleegen, ausgruewen a schafen.
Loosst mech Eech an deem Zesummenhang schonn eppes veroden: ech plangen un eener ‚Kummeroper‘ fir e puer Sänger a kleenen Instrumentegrupp mam Titel ‚Dem Preiss seng Kummer‘, d’Geschicht vum genannten Zaldot Helmut …
merci fir Ären Interessi a bis geschwënn
gu
Oktober 2008