de Musée

De klenge virtuelle Stued ‚Musée‘ presentéiert Usiichten an Dokumenter zum Thema Stued, am besonneschen zu der Geschicht an zum Beruff vun dräi Generatioune Woner (Stellmacher, Carrossier) Jean-Pierre Urwald-Kahn (1836-1925), Mathias Urwald-Schumacher (1869-1952) a Jean-Pierre Urwald-Konsbruck (1905-1994). Zu den Dokumenter gehéieren Optragsbicher, Rechnungen un a vun, technesch Zeechnungen a Modeller, Léierwierker, Korrespondenzen an däitsch Fachzäitschrëften aus Krichszäiten …