Don

Dir kënnt de Stued Theater a seng verschidde kulturell Projeten a Produktiounen ënnerstëtzen:

Dir kënnt e steierlech ofsetzbaren Don op de Kont vum Fonds Culturel National (Focuna) BCEELULL LU24 0019 4655 0203 7000 maachen, mam Vermierk ,2021/106 Stued Theater‚.

Dir kritt vum Focuna en Zertifikat fir d’Steieren heemgeschéckt. Si leeden Ären Don un eis weider.

Dir kënnt de Stued Theater mat enger direkter Iwwerweisung (steierlech net ofsetzbar) mam Vermierk ,Don Stued Theater‘ op de Kont vun der Stued asbl bei der Raiffeisen Bank ënnerstëtzen: CCRA LU85 0099 7800 0070 5210

D’Donateure vum Stued Theater ginn an d‘Bouch am Stued Theater agedroen, et sief dann, si wëllen anonym bleiwen.

D’Stued asbl seet Iech villmools Merci.